Oochen

D’Haaptgebei vun der RWTH.

Stad Oochen befënnt sech am Dräilännereck vun der Belsch an Holland, an ass domat och gläichzäiteg déi westlechst Stad an Däitschland. Si zielt ronn 250.000 Awunner, wouvun all 6ten dovun een Student ass an gelt soumat als Typesch Studentestad. Bekannt ass Stad och duerch den Karl dem Groussen, den säin Haaptsëtz zu Oochen hat. Nach haut sinn nach Deeler vun der deemoleger Festungsmauer ze bestaunen. Nieft dem schéinem Rathaus, gelt den impressionnanten Aachener Dom als Wahrzeichen vun der Stad. Dësen gouf 1978 zesummen mat dem Domschatz als eicht däitscht an als zweet weltwäit Kulturdenkmal an UNESCO Weltkulturierfschaftlescht opgeholl. Des Weideren gouf Stad Oochen och nach duerch seng vill Pëtze an Thermalquellen, als Kurstadt „Bad Aachen“ bekannt.

Nieft der beandrockender Geschicht, ass Stad och duerch hier renomméiert Héichschoulen, Fuerschungsinstituter an Hightech-Firmen bekannt. D’RWTH (Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule), ass eng vun den féierenden an traditiounsräichsten europäesch Wëssenschaft- an Fuerschungsinstitutiounen an ass och eng Exzellenz-Universitéit an Fuerschung an Léier. D’ Uniklinik, déi sech sécherlech duerch hiert Ausgesinn an hier Gréisst auszeechent, zielt zu der gréisster aus Europa.

Fir besonnesch Verdéngschter am Zesummenhang mat der Europäescher Union, gëtt zu Oochen all Joer den Karlspräis verginn. Hei ass besonnesch nennenswäert ze soen, dass nieft dem Robert Schuman an dem Jean-Claude Juncker, och lëtzebuerger Vollek dësen Karlspräis am Joer 1986 verreecht ginn ass. Fir all Pfäerdsport interesséierter dierft och den internationalen Päerdsturnéier CHIO bekannt sinn, dësen ass weit iwwert Grenzen bekannt an ass sécher en Highlight am Summer. Am Wanter awer zielt den Oochener Chrëschtmaart een vun den Schéinsten an zitt mat der schéiner historescher Kulisse all Joers vill Leit an Kaiserstad.