Thema

“Zukunft gestalten: Kompetenzen am Kontext vun der Digitaliséierung”


An enger ëmmer méi digitaliséierter Welt gëtt d’Gestaltung vun der Zukunft zu enger Erausfuerderung, déi
souwuel traditionell wéi och innovativ Kompetenzen erfuerdert. Dobäi spillen souwuel sougenannte „Soft
Skills“ ewéi och „Hard Skills“ eng entscheedend Roll. Des Kompetenzen entwéckele mir an eisem Alldag,
awer haaptsächlech och op eisem Bildungswee.


Dëse spillt eng entscheedend Roll bei der Virbereedung op d‘Erausfuerderungen vun der Digitaliséierung.
Eng modern Ausbildung sollt net nëmmen op d’Vermëttlung vu fachlechem Wëssen ofzilen, mee och
d’Entwécklung vu soziale Kompetenzen fërderen. Eng innovativ a sech stänneg verännerend Bildung ass een
onverzichtbaren Deel vun engem zukunftsorientéiertem Bildungswee.


Des Weideren erliewt d‘Aarbechtswelt duerch d’fortschreidend Implementatioun vun der KI en
déifgräifenden Wandel. Automatisatioun iwwerhëlt routinéiert Tätegkeeten, wärend d’Mënschen ëmmer
méi a kreativen, strategeschen a soziale Beräicher gefuerdert sinn. Dës Verännerungen maachen däitlech,
REEL – Réunion Europénne des Étudiants Luxembourgeois a.s.b.l. dass d’Upassungsfäegkeet vun de Mataarbechter an d’Entwécklung vu Fäegkeeten, déi iwwert dat rengtTechnescht erausgin, entscheedend sinn, fir an der digitaler Aarbechtswelt erfollegräich ze agéieren.

Dorausser entstinn d’Froen: Wéi eng Kompetenze ginn um Bildungswee gefërdert a sinn dëst och déi
Kompetenzen, déi am Beruffsliewe gebraucht gi? Wéi kënne mir de Bildungswee aktuell halen an sou
zukünfteg Generatioune gutt op dëse Wandel virbereeden?