Dateschutz

D’REEL.ORG a.s.b.l. hält sech a Punkto Dateschutz un d’EU-Veruerdnung 2016/679 (DS-GVO).

Mir späichere, je no Situatioun, gewëssen Informatiounen:

Statistiken

Bei all Visit späichere mir Informatiounen zu Statistik-Zwecker. Virun der Späicherung an der Auswärtung gin d’integral Daten anonymiséiert. Dohier handelt et sech heibäi nët méi ëm persounebezunnen Donnéën. Et gëtt also keng Méiglechkeet, fir kënnen eng Dateläschung bei eis unzefroën, well d’Daten, déi vun engem bestëmmte Benotzer generéiert gouffen nët méi ze idendifizéiere sin.

Fir d’statistesch Auswärtung benotze mir keng extern Dengschter mee just en interne System, dee komplett am Sënn vun der DS-GVO opgebaut gouff. Demno kann de Benotzer och a sengem Browser d’Funktioun “Do not track” uschalten an eise System hält sech dann un déi Uweisung.

Kontakt-Formulaire

Beim Ofschécke vun eisem Kontakt-Formulaire gin déi Informatiounen, déi agedro gin un eis per E-Mail geschéckt an an enger interner Datebank gespäichert. Zousätzlech gët d’IP-Adress vum Benotzer gespäicher fir kënnen Abusen ze verhënneren. Et gi beim Ofschécken och Informatiounen un den Dënscht “Google Recaptcha” gin fir dass dëssen aschätze kann, ob et sech beim Benotzer ëm e Mensch oder eng Maschinn handelt. Dobäi handelt et sech NET ëm d’Informatiounen, déi vum Benotzer ugi gouffen mee em sougenannte Metadaten (Informatiounen iwwert d’Verhaale vum Benotzer an iwwert d’Gerät vum Benotzer). Duerch d’Ofschécke vum Formulaire akzeptéiert de Benotzer d’Conditiounen an d’Dateschutzerklärung vu Google Recaptcha.

Bei weidere Froën zum Dateschutz, kanns du eis gäre via eise Kontaktformulaire kontaktéieren oder du schreiws eis eng E-Mail op contact@reel.lu.