Conditions Générales - REEL 2025

Artikel 1 – Uwendungsberäich

Dës Conditions Générales (CG) sëtzen d’Bedingunge fir d’Aschreiwung an

d’Participatioun un der Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois (REEL) 2026 fest.

All Participant akzeptéiert d’CG beim Moment vun der Umeldung.

Artikel 2 – Rechtlech Hiweiser

D’REEL a.s.b.l. huet hire Sëtz zu 2, Avenue de l’Université L-4365 Esch-sur-Alzette.

D’Associatioun ass agedroen am « Régistre de commerce et des sociétés » ënnert der Nummer F1410.

Artikel 3 – Definitiounen

Folgend Wieder ginn an dësem Dokument wéi follegt definéiert:

  1. REELaner: All Persoun, déi zum Zäitpunkt vun der REEL op enger Uni ageschriwwen

ass, d’Lëtzebuergesch Nationalitéit besëtzt an/oder den Haptwunnsëtz zu Lëtzebuerg

huet an un der REEL als Participant deelhëlt.

  1. Ancien: All Persoun, déi Member vun engem Studentecercle war.

Artikel 4 – Umeldung fir d’REEL

  1. D’Umeldung start de 7. Juli 2026 um 18.00 Auer fir Comitésmembere vu Studentecerclen, déi Member vun der ACEL sinn.
  2. Ab dem 11. Juli um 18.00 Auer dierf sech all aner Persoun umellen, déi zum Zäitpunkt vun der REEL op enger Uni ageschriwwen ass an d’Lëtzebuergesch Nationalitéit besëtzt.  
  3. Jiddereen dee Member vun engem Studentecercle war (Ancien), ka sech ab dem 11. Juli umellen. D’Umeldunge fir dës Persoune ginn duerch E-Mailen un d’Adress umeldung@reel.lu gehandhaabt.
  4. De REEL-Comité behält sech vir, fräi ze entscheeden, wien zur REEL zougelooss gëtt, ouni Asprocherecht vum potenzielle Participant. Dobäi muss dës Entscheedung net begrënnt ginn.
  5. 5. Bei der Aschreiwung mussen eng Rei vun Informatiounen ugi ginn. All Informatioun, déi dobäi explizit ugi gëtt, däerf vum REEL Comité gespäichert an intern verwalt ginn.
  6. Bei allen Umeldunge gëllt: Den Éischten ass vir.
  7. No der Umeldung, kreien dei 120 éischt Persounen eng Confirmatioun per Mail, ab do mussen si bannen 12 Deeg bezuelen. Wann d’Participatiounskäschten no dësen 12 Deeg net bezuelt sinn, kommen si hannen op d’Wardelëscht.
  8. D’ Participatiounskäaschten leien bei 230€.
  9. De Präis fir all potenziellen Ancien ass bis den 20. August ze bezuelen. Ass dëst net de Fall, kënnt de Participant op d’Waardelëscht. De Präis gëtt bei der Umeldung festgesat. 
  10. Ofmelle ka sech all Participant bis zu engem Mount virun der REEL (24. August 2026) ouni Käschten. Säi Participatiounspräis gëtt him zeréckerstatt.
  11. Ofmeldungen no dem 24. August ginn nëmmen rembourséiert, wann ee vun

der Waardelëscht dës Plaz opfëlle kann.

Artikel 5 – Wärend der REEL

  1. D’Hausreegele vu Eventlocations si strikt anzehalen.
  2. All Uweisung vun engem REEL-Comitésmember ass strikt anzehalen, soufern dës net géint d’Hausreegelen vun den Eventlocations verstoussen.
  3. Wärend der REEL ass all Mënsch fir seng eegen Handlungen responsabel. Fir all Vandalismus, all Sachbeschiedegung, all Klauen an all Kierperverletzung muss all Participant vun der REEL individuell haften.
  4. De Programm vun der REEL muss komplett matgemaach ginn.
  5. All REELaner akzeptéiert, dass wärend der REEL Bild- an Tounopname vun him kënne gemaach ginn. Jeglech Bild- an Tounmaterial, wat op der REEL entsteet, däerf vum REEL-Comité beaarbescht a publizéiert ginn. Wie mat dëser Reegelung net averstaan ass, muss dëst dem REEL-Comité virun der REEL iwwer comite@reel.lu matdeelen.
  6. E Participant, deen Hausverbuet bei enger vun den Eventlocations kritt, muss op eege Käschten an Initiative eng Léisung organiséieren.
  7. De Comité behällt sech d’Recht ee Participant ouni Rembousement vun den Participatiounskäschten vun der REEL auszeschleissen, wann dësen d’Regelen net anhällt.

Artikel 6 – Dateschutz

  1. D’REEL mëscht alles a hierer Hand fir d’Dateschutzgesetz EU 2016/679 (DSGVO/RGPD/GDPR) anzehalen.
  2. De potenzielle Participant akzeptéiert, dass d’REEL Daten u Sous-Traitante ënnerhalb vun der Europäescher Unioun weidergëtt. All Sous-Traitant ass laut DSGVO, zur Geheimhaltung vun dësen Date verpflicht.
  3. De potenzielle Participant kann d’Berichtegung vu sengen Daten duerch eng einfach E-mail un comite@reel.lu ufroen.
  4. De potenzielle Participant kann d’Läschung vu sengen Daten duerch eng E-Mail un comite@reel.lu ufroen. Dëst verhënnert ënner Ëmstänn awer d’Participatioun un der REEL, well all gefroten Informatioun wichteg fir den Oflaf vun der REEL ass.
  5. De potenzielle Participant kann d’Gesamtheet vu senge gespäicherten Daten ufroen. Dëst och iwwert d’Adress comite@reel.lu.
  6. De Participant akzeptéiert, dass säin Numm, seng Adress a säi Gebuertsdatum dem Hostel weidergi gëtt.
  7. De Participant akzeptéiert, dass säin Numm a seng Adress de Veranstalter vun de Visitte weider gi gëtt.
  8. De Participant akzeptéiert, dass falls hie säin CV agereecht oder erageschéckt huet, dësen un d’Partnerentreprisen vun der REEL weidergeleet dierf ginn.
  9. De potenzielle Participant akzeptéiert, dass Donnéen déi net direkt op déi jeweileg Persoun schléissen loossen, wéi Alter, Studium, oder Studiestad, fir statistisch Zwecker un d’ACEL weidergeleed ginn. Dës Donnéen bleiwen pseudonymiséiert.
  10. Ausser de Punkte 6.6, 6.7 a 6.8, 6.9 gi keng Daten un Drëtter weiderginn.

Artikel 7 – Vertragsdauer

Dëse Vertrag trëtt zum Moment vun der Umeldung a Kraaft an ass bis zum 26. Dezember 2026 gülteg.

Artikel 8 – Responsabilitéit a “force majeure”

Sollt d’REEL wéinst engem net viraussobare Grond (« cas de force majeure ») net stattfannen oder ofgebrach ginn, huet de Participant kee Recht, seng Participatiounskäschten zeréck ze froen.

Artikel 9 – Ännerunge vun de CG

De REEL’s Comité behält sech vir, d’CG zu all Moment ze änneren. De Participant muss d’geännert CG nei akzeptéieren. Sollt e Participant net mat den Ännerungen averstane sinn,

kann hien seng Umeldung zeréckzéien an all seng Participatiounskäschte gi rembourséiert.

Article 10 – Erfëllungsuert a Jurisdiktioun

Fir dës CG gëllt d’Lëtzebuerger Recht.