Allgemeng Participatiounsbedingungen

Artikel 1 – Uwendungsberäich

Dës Allgemeng Participationsbedingungen (APB) sëtzen d’Bedingunge fir d’Aschreiwung an d’Participatioun fir an un der Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois (REEL) 2021 fest. All Participant akzeptéiert d’APB beim Moment vun der Umeldung.

Artikel 2 – Rechtlech Hiweiser

D’REEL a.s.b.l. huet hire Sëtz zu 2, Avenue de l’Université L-4365 Esch-sur-Alzette. D’Associatioun ass agedroen am «Régistre de commerce et des sociétés» ënnert der Nummer F1410.

Artikel 3 – Definitiounen

Folgend Wieder ginn an dësem Dokument wéi follegt definéiert:

  1. REELaner: All Persoun, déi zum Zäitpunkt vun der REEL op enger Uni ageschriwwen ass (Wantersemester 2021/2022), d’Lëtzebuergesch Nationalitéit besëtzt an un der REEL als Participant deelhëlt.
  2. Ancien: All Persoun, déi Member vun engem Studentecercle war.

Artikel 4 – Aschreiwung fir d’REEL

  1. D’Aschreiwung start den 7. August 2021 um 20.00 Auer fir Comitésmembere vu Studentecerclen, déi Member vun der ACEL sinn. Als Comitésmembre ziele just déi Leit, déi am Intranet vun der ACEL agedro sinn. Hei wäert de Stand vum 7. August 2021 um 0:00 Auer gekukt ginn. D'Aschreiwung fir Comitésmembere si bis den 11. August 2021 um 19:00 op.
  2. Ab den 11. August 2021 um 20.00 Auer dierf sech all aner Persoun umellen, déi zum Zäitpunkt vun der REEL op enger Uni ageschriwwen ass (Wantersemester 2021/2022) an d’Lëtzebuergesch Nationalitéit besëtzt.
  3. D’Aschreiwunge fir all Persoun bezüglech 4.1 a 4.2 lafen iwwert de Site www.reel.lu/umeldung.
  4. Jiddereen dee Member vum REEL Comité 2020 (München) oder Member vum REEL Comité 2019 (Oochen) war, an deen zum Zäitpunkt vun der REEL 2021 nach op enger Uni ageschriwwen ass (Wantersemester 2021/2022), ka sech och schon ab dem 7. August 2021 aschreiwen.
  5. D’REEL a.s.b.l. behält sech vir, fräi ze entscheeden, wien zur REEL zougelooss gëtt, ouni Asprochsrecht vum potenzielle Participant. Dobäi muss d’REEL dës Entscheedung net begrënnen.
  6. Bei der Aschreiwung mussen eng Rei vun Informatiounen ugi ginn. All Informatioun, déi dobäi explizit ugi gëtt, däerf vun der REEL a.s.b.l. gespäichert an intern verwalt ginn. D’REEL a.s.b.l. däerf och d’IP-Adress vun der ugemellter Persoun späicheren, souwéi den Aschreiwungsdatum an -auerzäit.
  7. Bei allen Umeldunge gëllt: Den Éischten ass vir.
  8. Bei dem Choix vun de Visitten a Workshops ginn déi Participante favoriséiert, déi en CV eraschécken.
  9. Potenziell Participanten, déi Donneschdes, den 7. Oktober 2021 net bei der REEL kënnen dobäi sinn, ginn automatesch op d’Waardelëscht gesat.
  10. De Präis vun 200,- EUR ass fir all potenzielle REELaner bis 7 Deeg no der Umeldung ze bezuelen. Ass dësst nët de Fall, kënnt de Participant automatech op d’Waardelëscht.
  11. Ofmelle ka sech all Participant bis zu engem Mount virun der REEL (7. September 2021) ouni Käschten. Säi Participatiounspräis gëtt him zeréckerstatt.
  12. Ofmellungen no dem 7. September ginn nëmmen rembourséiert, wann ee vun der Waardelëscht dës Plaz opfëlle kann.

Artikel 5 – Wärend der REEL

  1. D’Hausreegele vu Eventlocations si strikt anzehalen.
  2. All Uweisung vun engem REELs-Comitésmember ass strikt anzehalen, soufern dës net géint d’Hausreegelen vun den Eventlocations verstoussen.
  3. Wärend der REEL ass jidderee fir seng eegen Handlungen responsabel. Fir jegleche Vandalismus, jeglecht Klauen an jeglech Kierperverletzung muss all Participant individuell haften.
  4. De Programm vun der REEL muss komplett matgemaach ginn.
  5. Wien Donneschdes, den 7. Oktober 2021 net zu München um Parnterdag ass (soufern net anescht ofgeschwat), gëtt vum rechtleche Programm vun der REEL ausgeschloss a kritt keng Suen zeréck erstatt.
  6. All Participant vun der REEL akzeptéiert, dass wärend der REEL Bild- an Tounopname vun him kënne gemaach ginn. Jeglech Bild- an Tounmaterial, wat op der REEL entsteet, däerf vum REELs-Comité beaarbescht a publizéiert ginn. Wien dëser Reegelung widdersprécht, muss dëst virun der REEL iwwer umeldung@reel.lu bekannt ginn.
  7. E Participant, deen Hausverbuet bei enger vun den Eventlocations kritt, muss op eege Käschten an Initiative eng Léisung organiséieren.

Artikel 6 – Hygienekonzept zur REEL 2021 - München

  1. Hygienekonzept zur REEL 2021 - München kënnen op https://www.reel.lu/umeldung/hygiene/ fonnt ginn.
  2. Andeems dëss APB akzeptéiert ginn, ginn och d’Hygienekonzept zur REEL 2021 - München laut 6.1 akzeptéiert.
  3. D’REEL a.s.b.l. behält sech vir, d’Hygienekonzept zur REEL 2021 - München zu all Moment ze änneren. De Participant akzeptéiere automatech d’geännert Moßnahmen. Sollt e Participant net mat den Ännerungen averstane sinn, soll en sech beim Comité vun der REEL mellen.

Artikel 7 – Dateschutz

  1. D’Dateschutzbestëmmunge vum Site vun der REEL a.s.b.l. kënnen op https://www.reel.lu/umeldung/dateschutz/ fonnt ginn.
  2. Andeems dëss APB akzeptéiert ginn, ginn och d’Dateschutzbestëmmunge laut 7.1 akzeptéiert.
  3. D’REEL a.s.b.l. mëscht alles a senger Muecht fir d’Dateschutzgesetz EU 2016/679 (DSGVO/RGPD/GDPR) anzehalen.
  4. De potenzielle Participant akzeptéiert, dass d’REEL a.s.b.l. Daten u Sous-Traitante ënnerhalb vun der Europäescher Unioun weidergëtt. All Sous-Traitant ass mat engem spezielle Vertrag, laut DSGVO, zu der Geheimhaltung vun dësen Date verpflicht.
  5. De potenzielle Participant kann d’Berichtegung vu sengen Daten duerch eng einfach E-Mail un umeldung@reel.lu ufroën.
  6. De potenzielle Participant kann d’Läschung vun der Integralitéit vu sengen Daten duerch eng E-Mail un umeldung@reel.lu ufroen. Dësst verhënnert ënner Ëmstänn aawer d’Participatioun un der REEL, well all gefroten Informatioun wichteg fir den Oflaf vun der REEL ass.
  7. De potenzielle Participant kann d’Gesamtheet vun den iwwert hie gespäicherten Daten ufroen. Dëst och iwwert d’Adress umeldung@reel.lu.
  8. De Participant akzeptéiert, dass säin Numm, seng Adress a säi Gebuertsdatum dem Hostel weider gi gëtt.
  9. De Participant akzeptéiert, dass säin Numm a seng Adress de Veranstalter vun de Kulturvisite weider gi gëtt.
  10. Ausser de Punkte 7.4, 7.8 a 7.9, gi keng Daten un Drëtter weiderginn.

Artikel 8 – Vertragsdauer

Dëse Vertrag trëtt zum Moment vun der Umeldung a Kraaft an ass bis zum 26. Dezember 2021 gülteg.

Artikel 9 – Responsabilitéit a “force majeure”

Sollt d’REEL 2021 wéinst engem net viraussobare Grond («cas de force majeure») net stattfannen, huet de Participant d'Recht, d'Intégralitéit vun Participatiounskäschten zeréck ze froen.

Artikel 10 – Ännerunge vun den APB

D’REEL a.s.b.l. behält sech vir, d’APB zu all Moment ze änneren. De Participant muss d’geännert APB nei akzeptéieren. Sollt e Participant net mat den Ännerungen averstane sinn, kann hien seng Umeldung zeréckzéien an all seng Participatiounskäschte gi rembourséiert.

Artikel 11 – Erfëllungsuert a Jurisdiktioun

Fir dës APB gëllt d’Lëtzebuerger Recht.