Donnerschdeg 8.10 - Partnerdag

10:00 : ACEL Workshops
Och dëst Joer bitt d’ACEL erëm verschidde Workshops op der REEL zu München un. Esou bal vun de verschidde Workshops Theme bekannt sinn, stelle mer iech déi hei am Detail vir.

12:30 : Mëttesiessen an der Osteria da Massimo

15:00 : Partnerfoire an Walking Dinner
Eis Partner vun der REEL stellen sech an engem flotte Kader den REELaner vir. Dono wäert et en Walking Dinner gi. En Event wéi d´REEL ass ouni Ënnerstëtzung vu Partnerentreprisen net méiglech an dofir wëlle mir op dëser Platz all eise Partner elo schonn ee grousse Merci fir d’Vertrauen an d’Zesummenaarbecht mat der REEL 2021 soen.

21:00 : Soirée privée mat eisen Partner am Maxes²

Freideg 9.10 - Kulturdag

08:00 : Visitten
Och dëst Joer si mer frou iech e puer flott Visitten ubidden ze kennen:

LRZ
Den SuperMUC NG ass mat 26,8739 PFLOPS an engem Aarbechtsspeicher vun 719 TByte een vun de schnellsten Héichleeschtungscomputer vun Europa. Bei eiser Visitte duerch de SuperMUC NG gëtt de Fonctionnement vun esou grousse Rechensystemer mat der komplexer Verwaltung vun de Rechenaufgaben an der Stroumversuergung gewisen.

Forschungs-Neutronenquelle Heinz Maier-Leibnitz
D‘Forschungs-Neutronenquelle Heinz Maier-Leibnitz, benannt nom dätsche Physiker Heinz Maier-Leibnitz, a Garching ass mat enger thermescher Leeschtung vun 20 MW de stäerksten dätsche Fuerschungsreakter. Den europawäit eenzegaartege Reakter gëtt vun der TUM bedriwwen an fënnt an der Grondlagenfuerschung an der Physik, Chimie, Bio a Materialwëssenschafte Gebrauch.

Lech Museum
Dat aalt Kraaftwierk weist op enger Gesamtfläche vu 700 Quadratmeter, wéi aus Waasser Stroum gemaach gëtt. D Highlight vun der Ausstellung ass eng Francisturbine mat Generator duerch déi een trëppelen kann.

NS-Dokumentationszentrum
D‘ NS-Dokumentationszentrum steet haut do wou fréier d‘ NSDAP-Parteizentral war an beschäftegt sech mam Nationalsozialismus. En wichtegen Deel vun der Ausstellung ass dobäi d’Roll vun München als „Hauptstadt der Bewegung“ vun der NSDAP an d’Duerchsetzung vum Nationalsozialismus an Däitschland.

12:00 : Mëttesiessen am Hans im Glück

14:00 : Rallye duerch München

20:00 : Owesiessen am Löwenbräukeller

Samsteg 10.10 - Dag vun der Politik

10:00 : Monologe an Diskussiounsronn

12:00 : Mëttesiessen am Weinhaus Neuner

14:00 : Table Ronde: Mam Studium fäerdeg, an elo? Lëtzebuerg oder d’Welt?
Vill jonk Leit zu Lëtzebuerg entscheeden sech all Joer fir e Studium am Ausland. Mee bei wäitem net all Student fënnt säi Wee nees op Lëtzebuerg zeréck. Wat hält d’Studenten dovunner of? Ass et den héije Loyer, Restriktiounen um Beruffsmarché oder sinn et ganz aner Beweegungsgrënn? Beaflosst de Choix vum Studium déi spéider Aussiichten op Lëtzebuerg zeréck ze kommen? Wei kann de Lëtzebuerger Staat an Entreprisen assuréieren d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg no a wärend dem Studium ze erhéijen? Ass de Staat wärend dem Studium proaktiv genuch fir Studenten op Lëtzebuerg ze zéien? Bleift de Lien mat Lëtzebuerg bestoen oder geet dee wärend dem Studium verluer? Mir si frou des Themen, ob eiser Table Ronde ënner anerem mam Michel Reckinger, der Deputéierten Djuna Bernard, dem Minister Dan Kersch an dem Minister Claude Meisch ze diskuteieren.

20:00 : Owesiessen an Soirée chique an der Reitschule

Sonndeg 11.10 - Schliersee a Retour op Lëtzebuerg

9:00 : Schliersee
Fir Sonndes ze entspane fuere mer op de Schliersee a ginn do ënner anerem wanderen, eng Whiskeybrennerei kucken an an d’Schwämm.

13:00 : Mëttesiessen am Wiertshaus zu Schliersee

16:00 : Retour op Lëtzebuerg

Wéinst der aktueller Covid-Pandemie kann de Programm sech nach kuerzfristeg änneren.