GERONTOKRATIE
Gerontokratie (griichesch “Herrschaft vum Rot vun den Alen”) an d’Fro vun Zukunftsfäegkeet sinn zentral Themen déi an enger alternder Gesellschaft ëmmer méi wichteg ginn. Och zu Lëtzebuerg ass kloer, datt demographesch Entwécklungen e wesentlechen Impakt op politesch Entscheedungsprozesser a sozial Dynamik hunn. Wärend eeler Generatiounen duerch hir Unzuel an héich Walbedeelegung grousst politescht Gewiicht hunn, bleift d’Matsproocherecht vun de Jonken dacks limitéiert. En zentrale Bestanddeel vum politesche System zu Lëtzebuerg ass de Sozialdialog, besonnesch a Form vun der Tripartite, an där d’Regierung, d’Patronen an d’Aarbechtervertrieder zesummen iwwer wirtschaftlech a sozialpolitesch Moossnamen diskutéieren. Dëse Modell huet sech an der Vergaangenheet als effikass bewissen, allerdéngs ass festzestellen, dass jonk Leit kaum an dësen Entscheedungsprozesser vertruede sinn.
Hir Perspektiven, déi sech dacks méi op laangfristeg Erausfuerderunge bezéien, kréien am institutionaliséierte Sozialdialog just limitéiert Opmierksamkeet. Dat kann dozou féieren, dass politesch Entscheedunge méi am Aklang mat den Interesse vun eelere Generatiounen stinn an déi néideg strukturell Reforme verzögert ginn. Innovatioun an déifgräifend Ännerung ginn dacks vun Onsécherheete begleet, déi besonnesch jonk Generatioune méi gewëllt sinn ze akzeptéieren. Eeler Populatiounsgruppen tendéiere verständlecherweis éischter dozou existéierend Systemer ze erhalen, vun deenen si selwer profitéieren, sief et an de Beräicher Pensiounen, Sozialleeschtungen oder Aarbechtsmaartstrukturen. Wann politesch Decisioune virun allem vun enger méi aler Majoritéit gedriwwe ginn, besteet de Risiko, dass Reformen, déi fir di laangfristeg Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg néideg wieren, verschuppt oder ofgeschwächt ginn.
Als Ofschloss kann ee festhalen, dass d’Alterung vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg souwuel Chancen wéi och Risiken duerstellt. Während Erfarung a Stabilitéit wichteg Wäerter sinn, dierf dëst net op Käschte vun der Zukunftsfäegkeet vum Land kommen. Méi grouss Bedeelegung vun de Jonken a politeschen Entscheedungsprozesser a Weiderentwécklung vum Sozialdialog sinn entscheedend Schrëtt fir laangfristeg Reformfäegkeet, Innovatioun an intergenerational Gerechtegkeet ze garantéieren.
