Student fir 1 Dag, Studentefoire, Guiden. A wat mécht d‘ACEL iwwerhaapt a Lycéeën? Als Cercle ass et oft schwéier den Duerchbléck ze hale wéi ee wat am beschten organiséiert. An dësem Workshop gi mir de Participanten en Abléck wéi eng Programmpunkten bei de Schüler:innen besonnesch gutt ukommen. Mir wëllen eng oppen Diskussioun iwwer d‘Foire feieren an iwwert eis Aarbecht a Lycéeën opklären. Zil ass et géigesäitege Feedback matzehuelen fir d‘Informatiounsoffer a Schoule méi uniform an uspriechend ze gestalten an iech opzeklären wéi mir Schüler:inne fir d‘Cercleswelt begeeschteren.

Kënschtlech Intelligenz ass amgaang de Studium ze veränneren: vill Student:innen notze se fir Recherchen, Texter oder Iddien. Mee wat gëllt als akzeptabel? Wéi gi mir verantwortungsvoll domat ëm? A wéi reegelen Unien den Asaz vu ChatGPT & Co bei Aarbechten? An dësem Workshop deele mir Erfarungen aus dem Studenteliewen, diskutéiere prakteschen Ëmgang, aktuell Regelen an déi zukünfteg Roll vun AI am Studium.

D’Corona-Pandemie huet vill Student:innen a Schüler:innen virun nei Erausfuerderunge gestallt. Vill haten net nëmmen online Coursen, mee och wéineg Méiglechkeeten, sech ënnerteneen auszetauschen an eng richteg Verbindung zur Uni oder Schoul opzebauen. An de leschte Joren hu mir vill Feedback vu Cerclen kritt, dass d’Zuele vu Memberen an Participanten zréckgaange sinn. Vill Leit sëtzen och net méi esou gären an engem Café fir e Patt zesummen ze drénken. Elo, wou mir nees an der Normalitéit sinn, stellt sech d’Fro: Wéi kënne mir de Student:innen d’Cerclesliewen erëm méi no bréngen? Genee do setzt dëse Workshop un. Mir wëllen zesumme kucken, wéi een attraktiv Eventer organiséiert, déi (nei) Student:innen nees zesummebréngen – egal ob mat oder ouni Alkohol. Et geet drëms, Iddien auszetauschen, kreativ ze ginn an nei Konzepter ze entwéckelen, déi zu eiser Zäit a virun allem zu eisen Interessen passen. Mir lueden all Student:in häerzlech an, déi Loscht huet, seng oder hir Iddien an dëse Prozess anzebréngen. Nëmmen zesumme packe mir et, d’Zäit als Student:in erëm lieweg, spannend a wäertvoll ze gestalten – och no Corona!