Thema

Auswirkungen des wirtschaftlichen und gesellschaftlichen Drucks auf den akademischen Werdegang

De Student a seng Erausfuerderungen sinn Themen déi ëmmer erëm gären op der REEL opgegraff ginn. An Lëtzebuerg ass et schonn längst keng Seelenheet méi no dem Lycée studéieren ze goen, an d’Unzuel vun den lëtzebuerger Studenten steigt kontinuéierlech. Et ass awer net all Schüler op den Wiessel vun Schoul op Uni virbereet, an huet sech mat dem Thema ”studéieren” auserneen gesat. Nichtsdestotrotz entscheeden sech vill Schüler fir en Studium nom Motto ”léiwer iergendeppes studéieren wéi net ze studéieren”. Mee vun wou kennt des Philosophie? Kënnen villäicht gesellschaftlech Faktoren, wéi d’Erzéiung, Gruppenzwang, oder och d’Ugesinn vun engem erfollegräich opgeschlossenen Studium, Afloss op des Denkweis hunn? Oder stellt den wirtschaftlechen Drock, wéi beispillsweis d’Hoffnung op eng besser bezuelten Plaz en méi groussen Usporn duer? Wahrscheinlech spillen béid Faktoren eng Roll wann en Schüler sech fir en Studium entscheet.

Entscheet sech en Schüler ënner Drock kann et sinn, dass en sech zum studéieren drängen léisst bzw. entscheet en sech villäicht fir déi falsch Studienrichtung. D’Konsequenz dovunner ass, dass den Studium oft net gutt verleeft an dat féiert natierlech zu Frustratioun. Vill Studenten probéieren dann trotzdeem den Studium duerchzezéien, well se jo schonn vill Zäit a Geld doranner investéiert hunn. Mee et ass keen Eenzelfall, dass een jorelaang op der Uni war an zum Schluss trotzdeem ouni Ofschloss dosteet.

Anerersäits erméiglecht d’Studiëbäihëllef vum lëtzebuerger Staat et bal jidderengem studéieren ze goen, dëst Privileeg huet net all Mënsch, an doduerch gëtt och d’Bildung souwéi och villäicht den wirtschaftlechen Fortschrëtt an eisem Groussherzogtum gefuerdert. Ofschléissend sief gesot, dass een sech mam Thema ”Studium” schonn rechtzäiteg auserneen setzen soll an iwwer déi méiglech Folgen reflektéieren soll, befiert een dësen Wee aschléit.