München

München ass d’Haaptstad vu Bayern am Süden vun Däitschland an befënnt sech e puer Kilometer vun der éisträichescher Grenz. Mat enger Awunnerzuel vu ronn 1,5 Milliounen Awunner, zielt München hannert Berlin an Hamburg zu den 3 gréissten däitschen Stied. Als typesch Studentestad huet München insgesamt 15 Héichschoulen an Universitéiten an ca. 390 000 Studenten sinn do ageschriwwen.

Fir eng sëllege Touristen ass München haaptsächlech bekannt fir d’Oktoberfest, och am Volleksmond als „Die Wiesn“ bekannt, dat weltwäit gréissten Béierfest. Iwwer 6 Millioune Visiteuren fannen all Joer hiren Wee op d’Wiesn.

Natierlech ass München weltwäit och duerch hiren Fussballveräin, den FC Bayern München bekannt.
Net ze vergiessen ass déi schéin Architektur vun der Stad, déi nach vill un de Wunnsëtz vun der bayrescher Kinneksfamill erënnert. Dozou zielen virun allem d’Nymphenburger Schlass an d’Wanterresidenz am Stadkär vu München.

Dat bekanntsten Gebai zu München ass sécherlech d’Gemeng um „Marienplatz“. Den „Marienplatz“ ass den Zentrum vun der Staat an ass ëmginn vun de ganzen Foussgängerzonen an Geschäftsstroossen. Net wäit vum Marienplatz, befënnt sech déi bekannt „Frauenkirche“, déi och als Wahrzeichen vun München bezeechent gëtt.
Den englesche Gaart ass och weltbekannt an zitt sech vum Stadkär bis an den Norden vu München. Mat enger Surface vu Ronn 4,17 km2 ass den englesche Gaart souguer méi grouss wie den Central Park zu New York.

München taucht an der Geschicht eng éischte Kéier op a Relatioun mam Transport vu Salz aus den Produktiounsstied südlech vu München Richtung Norden vun Däitschland. Dës „Salzroute“ huet och iwwert eng historesch Bréck zu München gefouert, déi extra vum „Henri le Loin“ gebaut gouf fir vum Zoll vun dëser Route ze profitéieren. Nieft dëser bekannter Bréck war am 8. Joerhonnert een benediktinescht Klouschter mam Numm „Munichen“ deen der Staat München doduerch hiren Numm ginn huet.

Am Joer 1972, waren zu München d’Olympesch Summerspiller. Zu dësem groussen Evenement, ass dann och déi éischt Ubahn duerch d’Stad an den Olympiapark am Norden vu München gebaut gi. Den Olympiapark setzt sech zesummen aus engem Stadion, enger Piscine an engem Gymnase, déi weltwäit bekannt sin fir hier speziell Architektur, un där sech och den Logo vun der REEL 2020 inspiréiert. Am Olympiapark fënnt een och nach den Olympiatuerm (294m) an den Olympiahiwwel, deen kënschtlech aus den Trëmmer vun de Bombardementer aus dem 2.Weltkrich gebaut gouf.

Zousätzlech ass München och ganz bekannt fir hier zwou renomméiert ëffentlech Unien: „Technische Universität München“ an d‘“Ludwigs-Maximilians-Universität München“. Dës zwou Institutioune zéien Studenten aus der ganzer Welt op München.

Schlussendlech ass München de Sëtz vun villen bekannten wëssenschaftlechen Institutiounen, dorënner den „Max Planck Institut“ an d’“Bayrische Akademie der Wissenschaften“.