Lëtzebuerger Studenten zu München

Wee si mir?LSM Logo

D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den LSM, regroupéiert an der Tëschenzäit ronn 120 Studenten vun den Héichschoulen an Unien zu München. Gegrënnt gouf den LSM virun enger gudder Zäit vun enger handvoll Leit mam Zil eng Plattform ze schafen, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen. Traditionell soll de Cercle also Kontakter erméiglechen, Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suergen. Un dësen Ziler huet sech wéineg geännert, an awer hu sech d'Emstänn duerch sozial Netzwierker an ëmmer méi grouss Gruppe vu Studenten, déi schonn zesummen op Münche kommen, verännert. Eise Cercle probéiert dës Erausfuerderungen unzegoen a méi wéi de Standard-Programm unzebidden.

Wat maache mir?

Nieft engem Welcome Day, fir déi nei Studenten zu München ze begréissen, an traditionellen Datumer wéi der Chrëschtfeier an zwee Fräibéier, organiséiert den LSM och all Joer ee Skiweekend zu Kitzbühel souwéi eng LSM-Rees an eng europäesch Stad fir wéineg Geld. Donieft kënnt och de sportlechen Aspekt mat Fussball, Volleyball a Basket net ze kuerz. 2015 hu mir, mat groussem Erfolleg, déi éischt Oktoberfest-Intercercle lancéiert a wäerten dat och an deene nächste Jore bäibehaalen. Eis Käraktivitéit vum Joer ass allerdéngs de Münchner Bal op Ouschtersonndeg, deen ëmmer erëm e groussen Erfolleg ass a genuch Geld an d’Cercle-Kees spullt, fir dass mir de Memberen all dës Aktivitéiten ubidde kënnen.

LSM Gruppefoto