× De Programm kann nach zu all Moment ugepasst gin!

Zum Programm fir d'Anciens


Jeudi, 29. Septembre

Stadt: Karlsruhe

4:30 / 5:00 Départ Ettelbréck/Luxembourg
09:00 Arrivée zu Karlsruhe
Kléngt Frühstück
9:45 – 11:45 ACEL Workshops am KIT:
  1. 1.Student fir 1 Dag
  2. 2.Méi nohalteg ginn
  3. 3.Post-Corona: Reset?
×

Student fir 1 Dag

De Student fir 1 Dag ass eiser Meenung no dat wichtegst Event wou een als Cercle d’Méiglechkeet huet déi zukünfteg Student:innen net nëmme vun der eegener Stad ze iwwerzeegen, mee och vum Cercle. D’Pandemie huet d’Cerclesliewen net méi einfach gemaach a sou munch Cerclë mierken elo réischt d’Auswierkunge vu bal 2 Joer ouni richtegt Cerclesliewen, zum Gléck awer net all.

Den « Student fir 1 Dag Workshop » ass perfekt fir sech iwwert déi verschidden Ofleef vum Student fir 1 Dag an deene verschiddene Stied aus ze tauschen an dëst Event nach méi ze optimiséieren.
Dëse Workshop huet net d’Zil en « perfekten » Dagesoflaf ze fannen, mee ass éischter do fir all déi cool a gutt Iddien ze sammelen déi mer an de leschte Joren an deene verschiddene Stied gesinn hunn.

×

Méi nohalteg ginn

Wéi mir alleguerte wëssen, ass et ni ze spéit méi nohalteg ze ginn. An dësem Workshop probéiere mir Iddien, Erfarungen an Tipps auszetauschen, déi ënnerschiddlech Eventer méi nohalteg maachen.
Du hues Froe wéi däin Event méi gréng ka ginn, mee du weess net wou ufänken?
Wat ass den Notzen däi Cercle an deng Eventer méi nohalteg ze organiséieren?
Du hues Erfarungen oder Problemer déi s de deele wëlls?
Du kanns egal bei wéi engen Eventer eppes fir d‘Ëmwelt maachen. Wann dat dech also interesséiert, da mell dech un!

×

Post-Corona: Reset?

Vill wënschen sech nees d’Normalitéit zeréck, déi mir virum Corona kannt hunn. Mee eis ass et awer och mëttlerweil kloer ginn, dass genau dat selwecht Liewen net méi zeréck kënnt. Et wäerten ëmmer Spuere vun der Pandemie bleiwen, egal ob positiv oder negativ. Ob et elo heescht mat engem Partner sech ze treffen an een do éischter awer ob een Zoom-Meeting zeréckgräift, well een dann net "just" fir dat Treffen ob Lëtzebuerg fuere wëll oder et wollt een no 1-2 Joer Paus een Event erëm organiséieren, mee am Comité ass kee méi dran den den néidege Know-How vun der Organisatioun huet. Esou a vill aner Situatioune kommen eis mëttlerweil méi oft vir a mir hunn eis gefrot ob elo eng Zäit komm ass, an der ee vill Saachen iwwerdenke soll an et eventuell resete muss.

An dësem Workshop wollte mir mat iech iwwert är Erfarunge schwätzen, déi iech grad am Cerclesliewen opgefall sinn. Mussen Traditiounen, wéi Stee, Daf, eventuell gebrach ginn? Kommen ze wéineg nei Membere bei? Engagéieren sech nach genuch Leit fir de Veräin? Dës wëll d'ACEL mat iech elaboréieren, eventuell Problemer sichen a Léisunge fannen..

12:00 Mëttegiessen: Aposto Karlsruhe
13:30 Stadtrallye duerch Karlsruhe
18:00 Owesiessen: Burgerrestaurant Bratar
20:00 Départ fir op Heidelberg
21:30 Check – In
open end Soirée publique: Toniq

Freitag, 30. September Partnertag

Stadt: Heidelberg

--- Frühstück
9:30 – 12:00 (ongeféier) Besichtigungen:
  • Hockenheimring
  • Schloss Heidelberg
  • Body World Museum
  • Historisches Museum der Pfalz (Speyer)
12:30 Mëttegiessen: Vetter’s Brauhaus
15:00 Partnervirträg
18:00 Partnerfoire mat Walking Dinner
21:00 Soirée Privée Halle02

Samedi, 01. Octobre 2022: Journée politique

Stadt: Heidelberg

--- Frühstück
9:00 Monologue vun den Invitéeën am Alten Frauenbad:
  • Prof. Dr. Eckart Würzner
    (Heidelberger Oberbürgermeister)
  • Georges Engel (Aarbechtsminister)
11:30 Éierewäin op der Molkenkur
12:30 – 15:00 Mëttegiessen Molkenkur
15:30 Table Ronde am Alten Frauenbad: Polina Bashlay (ACEL) Politik:
  • Claude Meisch (DP), Héichschouminister
  • Nicolas Schmit (LSAP), Aarbeschtskommissair
  • Martine Hansen (CSV), Oppositioun Wirtschaft:
  • Carlo Frising (CSL)
Moderatioun:
Misch Pautsch (Journal)
18:00 Patt am Kesselhäuschen
19:00 Owesiessen an Soirée Chique am Alten Frauenbad

Dimanche, 2 Octobre 2022

Stied: Heidelberg et Karlsruhe

--- Late Check-Out
11:00 – 13:00 Brunch am Urban Kitchen
13:30 Visitten:
  • Europabad Karlsruhe
  • Brauerei Kühler Krug
  • Technikmusee Sinsheim
17:00 - 18:00 Retour op Lëtzebuerg mat engem Snackbag

Programme fir d'Anciens


Freides Owes: Soirée Privée an der Halle 02


Samsdes: Journée Politique

9:30 Monologe vun den Invitéeën
11:30 Éierewäin op der Molkenkur
12:30 – 15:00 Mëttegiessen op der Molkenkur
15:30 Table Ronde am Alten Frauenbad
18:00 Patt
19:00 Owesiessen

Sondes Moies: Brunch am Urban Kitchen