AVL

AVL Logo

Gegrënnt gouf den Akademischer Verein D’Lëtzebuerger, kuerz AVL, schonn am Joer 1897 an war am Ufank eng typesch Studentenverbindung. Dëst am Sënn fir lëtzebuerger Studenten zu Oochen no baussen hin ze vertrieden, awer och se zesummen ze bréngen an gemeinsam flott Aktivitéiten oder Bekanntschaften mat aneren Cerclen ze maachen. Haut kann den AVL op eng iwwer 120 Joer al an traditiounsräich Geschicht zréck blécken. Mat iwwert 100 Memberen sinn eis sëllechen Aktivitéiten an Soiréeën ëmmer ganz gutt besicht an sinn och ëmmer beschtens op den Intercerclen vertrueden.

Eng besonnesch Traditioun vum AVL ass eisen Oochener Männerchouer, deen 1963 gegrënnt ginn ass, wou  sech  haut nach ëmmer motivéiert Memberen treffen fir ze sangen, dobäi gëtt och ëmmer erëm gären d‘ Lidd vum Oochener Student gesongen, wat all gudde Member kennen sollt. Wei all gudden Veräin huet och den AVL säin Stammcafé, an zwar den Kaktus aus der Pontstrooss. Hei gëtt sech all Dënschdes um lëtzebuerger Owend oder an der Prouf vum Männerchouer getraff. Natierlech dierf hei en gudden Dikrecher net feelen. Di eng oder aner Soirée ginn och am Kaktus ofgehalen, wie zum Beispill der Soirée de Bienvenue oder dem Fräibéier no der Assemblée Générale.

Och gëtt sech am AVL vill sportlech betätegt, sou dass sech ëmmer genuch Leit fannen fir entweder um Tournoi de Noël oder um Beachvolleyball-Intercercle zu Kaiserslautern deelzehuelen. Esou gëtt sech och all Woch getraff fir zesummen Basket, Fussball oder Badminton ze spillen, oder am Summer um AVL gelountem Beachvolleyballterrain ze spillen. Des Weideren gëtt am Fréijoer den Staffellaf organiséiert, bei dem all Joers iwwer zwee Deeg vun Oochen aus op Lëtzebuerg gelaf gëtt, dëst ëmmer an enger aner Gemeng.

Am AVL senger Zeitung „Um Karel“ ginn ëmmer all Aktivitéiten an Geschichten festgehalen an erschéngt all Semester fir eis Memberen. Esou gëtt sech un esou munch gutt Geschicht gären erënnert an ass ëmmer erëm Flott fir ze liesen. Des Weideren kann den AVL och ëmmer op seng Ancienen zielen, déi nom Studium ëmmer erëm gären op Oochen kommen oder sech zuelräich um Oochener Bal blécken loossen.

Méi informatiounen op www.avl.lu