Léif Frëndinnen a Frënn vun der REEL,

Mat schwéierem Häerze musse mir d'REEL 2020 ofsoen.

Et ass dem ganze Comité schwéier gefall dës Decisioun ze treffen, mee schlussendlech kënne mer ënner den aktuellen Ëmstänn keng REEL stattfanne loossen. Fir eis als Organisateur geet d‘Sécherheet vun eise Gäscht a Participanten an all Situatioun fir.

Fakt ass, dass eis de Coronavirus di nächst Méint nach wäert begleeden a mir als Organisateuren de Grondgedanke vun enger REEL an den enken Austausch tëscht all de Participanten net mat dem aktuellen an zukünftege Mesurë géint d'Ausbreedung vum Coronavirus verbanne kënnen.

Dofir hunn mir als Comité decidéiert, dëst Joer keng REEL stattfannen ze loossen, a mir hoffen, dass 2021 erëm d'Traditioun vun der REEL opliewe kann.

Mir soen heimat awer och all eise Sponsore villmools Merci, dass Si eis trotz der aktueller schwiereger Situatioun ënnerstëtze wollten. Ouni Si wier eng REEL net duerchféierbar a mir hoffen, dass Si an den nächste Jore weiderhin d'REEL sponsere wëllen.