
Host-Stad

Innsbruck befënnt sech am Westen vun Éisterräich, méi genau am Dall vum Inn. D’Haaptstad vun Tirol ass ëmgin vun dräi Biergerketten. Ganz ikonesch ass dobäi eis Nordkette am Norden an eisen Hausbierg, den Patscherkofel, am Süden.
Den Inn, deen säin Numm dem Dall gëtt, huet seng Quell an den schwäizer Alpen an leeft zu Passau an d’Donau, an ass domatt ee vun de gréisste Flëss vun den Alpen.
Mat ongeféier 150.000 Awunner, dovunner 34.000 Studenten, ass Innsbruck déi meeschtbewunnte Stad an Tirol an déi fënneftgréisst an Éisterräich no Wien, Graz, Linz a Salzburg.
Tëscht Kultur an Natur, Bierger an Däll, Traditiounen an Tendenzen, verbënnt soss keng Regioun souvill Extremer op eng ganz charmant Aart a Weis wei Innsbruck.
Hei ass et méiglech aus dem Kär vun der Haaptstad Tirol an nëmmen 20 Minutten op de Bierger vun der Nordkette ze sin fir sech do an der alpiner Szenerie d’Stad vun uewen unzekuken.
Et kann een och e Sprong an d’Vergaangenheet maachen andeems een den historeschen Baustil an eiser Alstad entdeckt.
Fir den Charme vun dëser aler Stad a senge bekannten Touristenattraktiounen ze entdecken ass et nëmmen e Kazesprong ze Fouss oder mam Vëlo. Ett ass een och séier an de Bierger fir en Hike oder Ski ze fueren.


D’Regioun ronderëm Innsbruck war ëmmer scho wichteg fir den internationalen an alpinen Handel. D’Réimer hu schon d’Wichtegkeet vum Inndall als Transitpunkt tëscht Italien, iwwert de Brenner, an Däitschland erkannt.
Sou hunn déi bayrësch Grafen schon 1133 den éichte Grondsteen vun der hauteger Stad Innsbruck geluecht. Säit 1420 ass Innsbruck Heemescht fir d’Herzogsfamill vun Tirol an huet deemols den Héichpunkt vun der Stad erreescht.
An dëser Héichphase ass d‘,,Goldenes Dachl“ gebaut gin, e Monument vun deenen éischten a gréisste Mënzhiersteller vun der deemoleger Zäit.
Nom zweete Weltkrich ass Innsbruck zu enger vun den zentralen Regiounen fir den internationalen Wantersport gin an war och Host-Stad fir déi olympesch Wanterspiller 1964 an 1976.
Säitdeem erfreet sech Innsbruck un engem kulturellen Opschwong an gëllt als d’Sporthaaptstad vun Éisterräich mat enger dynamescher an ëmmer wuessender Bevëlkerung.
Design by Carlo Glod