35 Joer REEL

Säit 1984 fënnt d’REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) all Joer an enger anerer europäescher Stad statt. Dëst Studententreffe gëtt vun der ACEL an dem Studentencercle aus der betraffener Stad organiséiert.

Dës 35t Editioun vun der REEL fënnt zu Oochen statt a gëtt vum AVL organiséiert. Vum 3.- 6. Oktober 2019 treffen sech hei 150 lëtzebuerger Studente vu verschiddenen Universitéiten. Et gëtt sech iwwer verschidden aktuell Sujeten, déi Studente betreffen, souwéi iwwert Relatioune mat der politescher, wirtschaftlecher a sozialer Welt ausgetosch.

An Form vun Diskussiounen, Presentatiounen a Workshops gi gemeinsam mat dem Héichschoulministère an anere politeschen an ekonomesche Perséinlechkeeten Ideeën gesammelt a Léisungen ausgeschafft.

Zousätzlech hunn eis Partnerfirmen d’Méiglechkeet hier Entreprise ze presentéieren an en éischten Austosch mat potentiellen zukünftege Mataarbechter ze hunn.

Natierlech gëtt de kulturellen Aspekt op der REEL och net vernoléissegt. Um Programm sti Visitte bei renomméierte Firmen, kulturell Aktivitéiten a verschidde Soiréeën.

D’Reel feiert dëst Joer scho säi 35ten Gebuertsdag. Zënter der éischter Editioun 1984 zu Karlsruhe huet sech d’REEL, d’Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois zu engem wichtegen Event am Kalenner vun de Lëtzebuerger Studenten entwéckelt.

D’REEL gëtt all Joers an enger anerer Studentestad ausgedroen a vum jeeweilege REEL’s Comité organiséiert. Eng Ronn 120 ausgewielte Participanten, déi hir Studien an enger europäescher Universitéit maachen, treffen sech wärend 4 Deeg fir sech iwwert d’Thematiken déi d’Studente betreffen aus ze tauschen. Nieft dem politesche Volet, kennt de kulturellen Aspekt esou wei den Austausch mat de Vertrieder vun de Partner Entreprisen net ze kuerz.

Oplëschtung vun de leschte Reelen

2018 – Bréissel
President: Theo Biewer
Thema: Etudiant 4.0: Digitalisation du monde professionnel – Défis et opportunités

2017 – Köln & Bonn
President: Jeff Diderrich
Thema: Beziehungsstatus: Es ist kompliziert! Die Beziehung zwischen Arbeitgeber und zukünftigem Arbeitnehmer

2016 – Kaiserslautern
President: Charel Roemen
Thema: Die Aussichten der Akademiker nach dem Studium

2015 – Tréier
President: Ben Greiveldinger
Thema: Die Hochschulreform Bologna: Ein Erfolgskonzept?

2014 – München
Presidentin: Marie-Paule Even
Thema: Selbstbestimmung der Universitäten – inwiefern von der Wirtschaft beeinflusst?

2013 – Stroossbuerg
President: Christophe Mossong
Thema: La Recherche européenne – un investissement dans le futur?

2012 – Oochen
President: Eric Gonderinger
Thema: Technischer Fortschritt: Von der Wissenschaft getrieben, von der Gesellschaft gebremst?

2011 – Bréissel
President: 
Thema: Esprit libre, esprit européen

2010 – Zürich
President: Jules Petit
Thema: Enfin diplômé(e), seulement où aller ?

2009 – Karlsruhe
Presidentin: Céline Reichel
Thema: La REEL, les acquisitions d’un esprit critique depuis 25 ans

2008 – Paräis
Presidentin: Danièle Buchler
Thema: Le Luxembourg face au défi de la mondialisation

2007 – München
President: Pit Gloden
Thema: Die Zukunft des Hochleistungssports in Luxemburg

2006 – Stroossbuerg
President: Olivier Schroeder
Thema: Studenten a Kultur, Studentebal a Comitétheik

2005 – Oochen
President: Guy Lux
Thema: Energietechnik im 21. Jahrhundert und die Verantwortung der Politik

2004 – Lausanne
President: Bob Lamboray
Thema: Les défis de la Suisse et du Luxembourg face à l’Europe et la mondialisation

2003 – Tréier
Presidentin: Michèle Nothum
Thema: D’Uni Lëtzebuerg, Statut vum Student zu Lëtzebuerg

2002 – Bréissel
President: Eric Bosseler
Thema: Europa fir unzepaken, e Bléck hannert d’Kulisse vun Europa, d’Unerkennung vun den Diplomer beim Staat

2001 – München
President: André Mehlen
Thema: Gentechnologie eine Büchse der Pandora? Uni Luxemburg, doch nur eine Vision?

2000 – Zürich
President: Christian Cortina
Thema: Die Zukunft – Gewinn oder Verlust der individuellen Freiheit, Ökonomie und Finanzen, Kommunikation, Gentechnologie

1999 – Karlsruhe
Presidentin: Martine Schummer
Thema: Études du 2ème an 3ème cycle, Fin d’études ouni Aarbecht, d’Aide financière

1998 – Wien
President: Misch Pfeiffer
Thema: Universität der Zukunft, Fuerschung, europäesch Bildungssystemer, Virstellungsgespréicher, Studiengebühren vs. Numerus Clausus, Fernstudium

1997 – Köln & Oochen
Presidenten: Claudine Muller & Michel Arsone
Thema: D’Zukunft vun der Industrie an dem Finanzmarché zu Lëtzebuerg, d’Wëssenschaft am Zäitalter vum Multimedia an d’Benotzung vun neien Energiequellen

1996 – Manchester
President: Georges Hilbert
Thema: Commercial and legal aspects of the Internet, Britain and Luxembourg in the European Union, d’Orientatioun am 2. an am 3. Unizyklus, Collaboration ACEL-UNEL

1995 – Montpellier & Aix-en-Provence
Presidentin: Manon Gantenbein
Thema: Le statut de l’artiste / centre d’art contemporain «PEI», Nuklearenergie, d’Situatioun vum Student no den Studien, Homosexualitéit, Ofdreiwung, AIDS

1994 – Lëtzebuerg
President: 
Thema: Europa an d’Europaparlament, Mënschenrechter, Entreprisë mam Recrutement vum Personal, Bourse 3ème cycle, Wunnraum fir Studenten, d’Reform vum Stage pédagogique

1993 – Stroossbuerg
President: Maurice Bauer
Thema: Standuert Lëtzebuerg a séng Zukunft

1992 – Innsbruck
Presidentin: Laurence Feider
Thema: Die Integration Österreichs, der Länder Zentral- und Osteuropas in die EG

1991 – Montpellier
President: 
Thema: D’Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995

1990 – Kaiserslautern
President: Serge Dentzer
Thema: Ëmweltproblematik, d’Medienentwécklung zu Lëtzebuerg an den Erasmusprogramm

1989 – Zürich
President: Michel Reckinger
Thema: Unerkennung vun den Unisdiplomer, Immatrikulatiounsproblemer vu lëtzebuergeschen Autoen am Ausland, Studentenwunnengen an hir Bezuelung, Organisatiounsproblemer vun der Foire de l’étudiant, d’Aide financière

1988 – Louvain-la-Neuve
President: Henri Kihn
Thema: Le chômage intellectuel et les possibilités de recyclage, Le 3e cycle d’études, Les relations entre Harvard et Luxembourg, Les relations entre l’ACEL et les cercles, Les aides financières accordées aux étudiants, Que peut offrir une banque?

1987 – Paräis
Presidentin: Annick Everling
Thema: Reforme am Secondaire, Subsidë fir Studenten an de Guide du Futur Etudiant

1986 – Innsbruck
President: Jemp Heintz
Thema: Fräizügegkeet an Europa fir Studenten, Mobilitéit, Subsiden, Studien, Orientatioun, Führerschäin (Gültegkeet am Ausland), Wunnengen op verschiddenen Unien, Studentevertriedung

1984 – Karlsruhe
President: Romain Agostini
Thema: Autorisation de séjour, Permis de séjour, Subsides de l’État, Coopération des étudiants avec les instances publiques, les organismes professionnels et le marché de l’emploi, Relations entre les cercles d’étudiants